Helder da Graça: World Music gëtt et net oder alles ass Weltmusek

Episode 4 January 09, 2023 01:04:53
Helder da Graça: World Music gëtt et net oder alles ass Weltmusek
Anescht Liewen
Helder da Graça: World Music gëtt et net oder alles ass Weltmusek

Jan 09 2023 | 01:04:53

/

Hosted By

Action Solidarité Tiers Monde - ASTM

Show Notes

Interview 

Gaascht: Helder da Graça (Finkapé)

Mam Helder schwätze mir iwwert all Aspekter vum Projet Klangkeller.

De Projet Klangkeller vu Finkapé well eng Plaz schafe fir d'musikalesch Diversitéit zu Lëtzebuerg ze thematiséieren, z.B. duerch d'Offer vu Coursen, Konferenzen, Diskussiounen an Ënnerstëtzung fir d'Professionaliséierung vu jonke Museker*innen. Et geet drëms e Raum fir en neie musikaleschen Dialog ze schafen, dat ënnert dem Slogan "Living Music Living Culture Living Dialogue in Luxembourg".

De Projet ass an e puer Komponenten ënnerdeelt: Kreatioun, Acquisitioun vu Wëssen an interkulturell an intergenerationell Begéinungen.

Des weideren ginn mer de Froen no:

Firwat stéiert hien sech um Term “World Music”? Wéi kann een de Museksunterrecht dekoloniséieren? Wéi kann ee fir méi Diversitéit an der Representatioun a Concertshale suergen?

Um Ënn erwaart Iech dann nach eng musikalesch Surprise, fir déi et sech absolut lount, drun ze bléiwen!

 

De Projet Klangkeller

https://www.finkape.lu/klang-keller

https://www.facebook.com/profile.php?id=100038067702095

 

Links:

Zitéierten Artikel aus dem Tageblatt:

https://www.tageblatt.lu/headlines/poetry-slam-stand-up-und-tanzvorfuehrungen-so-sieht-luxemburgs-kulturprogramm-im-herbst-aus/

https://frairaimfestival.lu/lu/programme?music_genres=32

https://www.philharmonie.lu/fr/programm/mario-lucio-os-kriols/4135

 

Musek:

Matschnëtt vum Concert vum Njamy Sitson mat Chouer vum 29. September 2022 aus dem Celo zu Hesper am Kader vun der Klima-Bündnis International Konferenz 2022 zu Hesper. Eng Kooperatioun vun Finkapé, dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg an der ASTM.

https://www.echo.lu/de/experiences/concert-njamy-sitson-QqIaoV

D’Gespréich ass op Lëtzebuergesch

 

Kultur mam Anne

Dës Kéier ouni d’Anne Müller mä mam Helder.

Bicher vum Nathan Holder:

https://www.nateholdermusic.com/books

 

www.citim.lu

Other Episodes

Episode 2

November 03, 2023 01:21:22
Episode Cover

Julie Smit & Richard Graf: Firwat brauch et haut nach de Brennpunkt Drëtt Welt?

Gäscht: Julie Smit a Richard Graf De Brennpunkt Drëtt Welt feiert am November seng 50 Joer. Eng laang a mouvementéiert Geschicht. Mam Richard Graf,...

Listen

Episode 9

July 05, 2022 01:08:01
Episode Cover

Ros Amils: How can a library defend human rights?

Interview Gaascht: Ros Amils (CEDIB - Centro de Documentación e Información Bolivia) Mam Ros Amils vum Dokumentatiounszentrum CEDIB a Bolivien iwwert de Roll vun...

Listen

Episode 12

March 19, 2021 00:24:32
Episode Cover

Um Stamminee - Andy Schammo: Een ze froen wou een hier kennt ass dach kee Rassismus!

Gaascht: Andy Schammo Parole: Een ze froen wou een hier kennt ass dach kee Rassismus! Websäit: https://breakingthesilencelxb.wordpress.com https://www.instagram.com/nd.schammo/?hl=en

Listen